Wie si mir?

De Grupp Pierre d’Aspelt Lëtzebuerg gëtt et zënter 1968. Laang Zäit hate mer just Wëllefcher, mee säit 1987 och AvEx.

Zënter 2009 ass d’Marie Degée eise Gruppechef an de Marc Molitor, genannt Mini, eise Gruppechef adjoint.

De Mini ass Akela bei de Wëllefcher.

Truppechef bei den AvEx as zënter 2016 d’Emilie Degée.

Eemol d’Joer hunn d’Wëllef an d’AvEx eng gemeinsam Aktivitéit. Dat ass de sougenannte „Montéesweekend“ op deem d’Wëllef, déi 14 Joer al goufe, bei d’AVEX eropkommen.

Mir hu momentan 8 Wëllefcher an 18 AvEx.

Hei eisen aktuellen Depliant:

Clickt op d’Foto fir de ganzen Inhalt ze gesinn