Mir hunn, vis-à-vis vun aaneren Duerf-Scoutsgruppen en Ennerscheed:

Eis Guiden a Scouten hunn all eng geeschtegen oder physësch Beanträchtegung.

All Scoutsgrupp schafft mat Versammlungen, mecht emol am Trimester e Weekend, an emol d’Joër e Camp.

Bei eis as dat nët sou:

Mir hu Scouten aus dem ganze Land: héich aus dem Norden, an déif aus dem Süden. Et mécht kaum e Sënn, fir eng Versammlung iwwert zwou Stonnen hin an zréck ze fueren. Dofir maache mir 6 Weekender d’Joer wou mir meeschten vu Samsdes 17:00 bis Sonndes 17:00 zesumme sinn.

Am Summer ginn d’AvEx op e Camp an Zelter an d’Wëllef op e verlängerte WE an e flotte Chalet.

Ausserdem denke mier, dass Aktivitéiten vun engem Weekend de Kanner a Jugendlëchen méi entgéint kommen wéi Aktivitéiten vu just zwou Stonnen.